Mir soen MERCI!

No 5 Editiounen an de Joeren 2015 bis 2019 huet den Organisatiouns Comité aus beruflechen an privaten Grënn entscheet, den RUDA net mei weider ze organiséieren.

Deemno gëtt et keng Editioun 2020!

Vu Joer zu Joer ass den RUDA emmer weider gewues an huet och ugefaang international Bands op senger historescher Bühn zu Réiden ze begréissen. Et war eng schéin Aventure mat erfollëgräichen Joeren mee och mat e puer Reckschléi wéi 2018 wou den RUDA huet missen opgrond vum Wierder ofgebrach gin.

Mir wëllen jidderengem Merci soen deen eis an deenen 5 Joer ennerstetzt huet. Een ganz groussen Merci geet un d‘Réidener Musik déi eis vun Ufank un bei dëser Saach ennerstetzt huet an den Patronnage iwwerholl huet. Mir wëllen och eisen Sponsoren Merci soen, déi eis op verschidden Art & Weisen ënnerstetzt hun an op déi mir emmer zielen konnten.

Een groussen Merci geet och un d‘Bands déi all eenzel Editioun vum RUDA zu enger onvergiesslecher gemaach hunn.

Een läschten Merci geet un iech, dir déi eisen RUDA besicht hudd an et zu engem schéinen Festival gemaach hudd.

Mir soen MERCI!

Ben, Philippe, Vincent, Shirley, Tom, Andy, Fabienne

P.S.: Eise Philippe feelt leider op der Photo. Gudd Besserung!

© Harmonie St.Cécile a.s.b.l. / created by Ben Ehlinger

Harmonie St. Cécile a.s.b.l.

B.P. 98

L-8510 Redange/Attert

Mentions légales

organised by the RUDA Orga team
logo_Ruda2017Blank.png